Wee sinn ech?
Journaliste vu Formatioun, Assurancen Agent vu Professioun a Podcaster a menger Fräizäit.
Meng Passiounen si Bicher, Musek, Sport a virun allem lëschteg Diskussioune mat Frënn a Famill; am Beschten mat engem Glas roude Wäin am Grapp an bei engem gudde Maufel.
Wisou ee Podcast ?
Ech stelle mir vir ech géing an eng Wirtschaft era kommen, um Comptoir sëtzt ee Mann, gro, mat Falen am Gesitt. An den Aen ass eng gewësse Melancholie ze verspiere. De Mann ass sech bewosst datt de Gros vum Liewe schonns hannert engem steet. Ouni ze zécke setzen ech mech nieft dee Mann a probéieren en an e Gespréich ze verwéckelen. Uganks mat vill Geknouters, iert e lues a lues entdeet a mir seng Geschicht verzielt.
Esou wëll ech dëse Projet, mat iech zesummen, upaken.
Deemno,
Häerzlech Wëllkomm alleguerten.
Deng Fro, meng Äntwert
Schéck mer deng Fro, an ech komme mat engem Podcast op dech zeréck :)